Ufank
hei sidd Dir: Ufank » iwwer eis

iwwer eis

JUST MUSIC gouf 1995 gegrënnt fir de jonke Musikschüler vun der UGDA d'Méiglëchkéet ze ginn niewend den individuelle Musikcoursen zesumme mat Kollegen a klengen Ensembele Musik ze maachen. Am Moment gëtt et 3 Ensembelen déi vun den Dirigenten Dirk Kellen a Frank Wildner geleet ginn. Niewend dem Comité sinn nëmme Jonker am JUST MUSIC.

Ee bis zweemol an der Woch begéine si sech, sief et fir a klenge Gruppen ze prouwen, sief et fir zesumme mat alle Memberen e Concert ze preparéieren oder fir Clique ze spillen oder bei engem Workshop vun engem vun deene ville Percussiouninstrumenter matzemaachen.

Eemol am Joer ass e Stage vun e puer Deeg ( a Nuechten ) fir "De Concert" anzeprouwen an awer och fir mat Musikerkolleginnen a -kollegen zesummen ze sinn.